FAQ

Waat ass RelyOn Esports?
RelyOn Esports ass een offiziell an Lëtzebuerg ugemellten Videospill/Gaming-Veräin. Dësen réunéiert Gamer aus diversen Videospiller ënner engem Daach. Mat déi wichtegsten Funktioun déi RelyOn Esports huet ass d’Formatioun an den Upkeep vun senger Community. Jiddereen soll d’Recht hunn, sech an dësem Veräin ze etabléieren an en Deel dovun ze ginn, egal ob Fan, Casual Gamer, Streamer oder Esportler. Doriwwer eraus kreéiert RelyOn Esports aus senger Community eraus Teams, déi dann den Veräin op Tournéieren representéieren.

Ech gesinn nëmmen ganz puer Channels op dem RelyOn Esport Discord. Wou sinn déi restlech Channels?
Den RelyOn Discord ass esou opgebaut, dass du no dem joinen vum Server nach muss 2 kleng Aufgaben maachen befiers du Access op all d’Channels kréien kanns.
  1. Like den Post an dem -reegelen- Channel (nodems du se gelies hues :) )
  2. Wiel deng Emotes aus, an wéiengen Spiller du gären an Zukunft Informatiounen zou kréien wëlls.
Vun elo un solls du och Accès op d’General Channels hun.
Funktionéiert eppes net esou wéi et soll? Dann schreif engem Discord Admin.

Wéi trieden ech RelyOn Esports als Community-Member bäi?
Als Community-Member kanns du dech ab dem Moment bezeechnen wou’s du dësem Discord bäigetrueden bass. RelyOn Esports Community-Member ze sinn genéisst vill interessant Virdeeler. Enner anerem hues du Accès op all eis Discord-Forumer an Voice-Chats, an kanns dës zu all Moment benotzen. Dëst erméiglecht dir och an den Kontakt mat villen aneren gleichgesënnten Spiller ze kommen. Hal dofir am beschten ëmmer een An op d’-tournament- an -teamfindngs- Channels.
Community-Memberschaft ass selbstverständlech gratis.

Ech well gearen aaner Spiller kennenléieren mee ech wees net wou starten?
Als neien Spiller hues du d’Recht eis einfach op Discord ze joinen. Aktuell fënns du bal all Daag Leit déi sech an den General-Voice-Chats treffen. Schei net dovun zeréck eis einfach fir een klengt Gespréich an villäicht puer Games ze joinen.

Wéi kann ech fir RelyOn Esports un engem Tournéier deel huelen?
RelyOn Esports bitt sengen Spiller déi och gären an den ëffentlechen Raum trieden wëllen eng RelyOn Esports Membership un. Mat dëser Memberschaft ass et dir méiglech RelyOn Esports op nationalen wei och internationalen Tournéieren ze representéieren. Soumat kanns du an engem “Main” oder “Academy” Roster matspillen an trainéieren. Als Member genéiss du ausserdeem Prioritéit fir jeglech Aart vun Aktivitéit déi vun RelyOn Esports organiséiert gett. Ausserdeem erhäls du duecht Memberschaft an dem Veräin och Walrecht op der Generalversammlung, an kanns soumat och den neien Comité wielen. Selbstverständlech kanns du dech dann och selwer fir den neien Comité opsetzen an gewielt ginn.
Memberskaart kascht aktuell 5€ an ass jeeweils bis zum Joresenn gülteg.

Ech hun nach Froen?
Wanns du weider Froen hues, dann schreif eis gären iwwert eng vun eisen sozialen Medien, per Email un comite@relyon.lu oder per DM un een vun den Comitésmemberen op eisem Discord.